[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Jakarta

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jakarta
Land Indonesien
Vewaltungseenheet Indonesien
Chef-lieu keng
Buergermeeschter Djarot Saiful Hidayat
Awunner 10562088
  2020
Fläch 661,5 km²
Metropolregioun 7315 km²
Héicht 8
Koordinaten 6°10'30"S, 106°49'39"O
Telefonszon 021
Postcode 10110–14540
Websäit https://jakarta.go.id

Jakarta [dʒaˈkarta] (virun der indoneesescher Orthographiesreform vun 1972 Djakarta geschriwwen) ass eng Stad vun der Republik Indonesien a mat ronn 10,56 Milliounen Awunner (Stand 2020) déi gréisst Stad vun der Republik. Mat de ronn 34,37 Milliounen Awunner (Stand 2019) an der Agglomeratioun Jabodetabek ass et den zweetgréisste Metropolraum weltwäit.

D'fréier Haaptstad huet de Status vun enger Provënz a gëtt vun engem Gouverneur regéiert. Offiziell gëtt d'Stad als Daerah Khusus Ibu Kota Jakarta („besonnesch Haaptstadregioun Jakarta“) gefouert.

Jakarta ass de politeschen, wirtschaftlechen a kulturellen Zentrum vum Land. D'Bevëlkerung ass vu verschiddenen Originnen a besteet absënns aus Leit mat malaysescher, arabescher, indescher, hollännescher a chineesescher Ofstamung.

Am Januar 2022 huet d'indoneesesch Regierung zesumme mam Parlament decidéiert, eng nei Haaptstad mam Numm Nusantara op der Insel Borneo opzebauen. Déi nei Stad gouf de 17. August 2024 (dem indoneseschen Onofhängegkeetsdag) ageweit an ass zanter deem Dag déi nei Haaptstad.

Commons: Jakarta – Biller, Videoen oder Audiodateien