[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Nusantara

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nusantara
Land Indonesien
Vewaltungseenheet Indonesien
Awunner 2000000
Fläch 2561,42 km²
Koordinaten 0°58'22,7"S, 116°42'31,8"O
Postcode 62000–62999
Websäit https://ikn.go.id/

Nusantara [nusanˈtara] (offiziellen Numm op Indoneesesch: Ibu Kota Negara Nusantara, ꦤꦸꦱꦤ꧀ꦠꦫ) ass d'Haaptstad vun der Republik Indonesien déi am Oste vun der Insel Borneo läit. Zanter dem 17. August 2024 ass si – amplaz vun Jakarta – déi nei Haaptstad vun der Republik Indonesien.

Nusantara läit no bei der Stad Balikpapan an der Provënz Kalimantan Timur.

Déi nei Haaptstad läit op enger Fläch vun 2.561 km² an der Provënz Kalimantan Timur. 20 Prozent vun der Fläch solle bebaut ginn an de Rescht ass fir Naturschutzgebidder, landwirtschaftleche Flächen a Bësch virgesinn.

De Begrëff Nusantara staamt aus dem Aljavaneeseschen (Kawi) a gouf eng éischt Kéier an der Geschichtschronik Paraton ernimmt. De Begrëff gëtt vun de Wierder nūsa “Insel” an antara “dertëschent leien” ofgeleet a beschreift d'Regioun tëscht dem asiatesche Festland an Australien. De Begrëff Nusantara gëtt haut an Indonesien mam Begrëff Archipel gläichgesat. Well en déi geographesch Situatioun vun Indonesien als Inselstaat gutt beschreift an international bekannt ass, huet de President Joko Widodo den Numm aus iwwer 80 Virschléi ausgewielt.

Commons: Nusantara – Biller, Videoen oder Audiodateien