[go: up one dir, main page]

Info

science-clubInteresséiers du dech fir d’Naturwëssenschaften? Bas du tëschent 11 an 18 Joer al a sichs no spannenden Aktivitéiten, bei deenen s du deng Ëmwelt ganz genau kanns ënnert d’Lupp huelen? Wëlls du dir vun de Fuerscher am Labo hier Aarbecht erkläre loossen oder selwer Experimenter maachen? Hues du Loscht op Aktioun räich Campen a Reesen hei am Land an am Ausland? Da bass du beim Science Club genau richteg. Kuck duerch eise Programm a schreif dech fir déi Aktivitéiten an, déi Dech interesséieren!

De “Science Club” an de “Panda Club” (fir Kanner vu 6-11 Joer), dat sinn d’Fräizäitaktivitéite vum ‘natur musée‘, mat frëndlecher Ënnerstëtzung vum “Fonds National de la Recherche”.