[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

René Clesse

Vu Wikipedia
René Clesse
Gebuer 27. Abrëll 1954
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 10. Juli 2016
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Publizist
Member vun Lëtzebuerger Schrëftstellerverband

De René Clesse, gebuer de 27. Abrëll 1954 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 10. Juli 2016[1], war e lëtzebuergesche Journalist, Schrëftsteller a Publizist.

Hien huet Kuerzgeschichten, Gedichter, Essays, Kriticken, Satiren a Reportage geschriwwen.

Als Journalist huet hien ënnert anerem geschafft bei LAV Inform , der Zäitschrëft vum Letzeburger Arbechterverband (LAV), der Revue, dem Kregéilert, der Perspektiv, dem Lëtzebuerger Land, dem Tageblatt. Zanter 1981 war hie Redakter vun der Zäitschrëft ons stad, déi vun der Stad Lëtzebuerg erausgi gëtt.

Am Optrag vum deemolege Gesondheetsministär huet hien zesumme mam Heng Ketter a Romain Lenertz eng Opklärungsbroschür produzéiert, déi 1978 ënnert dem Titel "Aimer" an 1979 op Däitsch als "Lieben" erauskoum [1]. Dat wor nach während der sozialliberaler Koalitioun (1974-1979). Si ass duerno während enger CSV-DP-Koalitioun zeréckgezu ginn, well se laut CSV-Familieminister "ze vill pornographesch" wier.[2][3]

1993 war hie Matgrënner vun der satirescher Wochenzäitschrëft Den Neie Feierkrop - haut de Feierkrop - an där hie vun 1993 bis 2014 ë. a. ënner de Pseudonymmen Hildy Johnson, Anna Konda an Hugo Habicht geschriwwen huet.[1],[4]

Als Lyriker huet hie bei enger Reih vu Verëffentlechunge matgemaacht, z.B. Ent-Grenzung oder Schönes Luxemburg - Grünes Luxemburg - Rosa Luxemburg.

  • "Clesse, René" in G. Hausemer: Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg 2006, S. 75.
  • ons stad-Redaktioun, 2016. Ons stad in Trauer, René Clesse (1954-2016). "Sprechen, schreiben, schweigen". ons stad Nr. 113, S. 41, PDF
  • Marson, P., 2023. "So etwas wie eine Gegenöffentlichkeit". Zoom op d'Literaturarchiv (97): Dokumente aus den 1970er und 1980er Jahren im Nachlass von René Clesse. - Die Warte 24|2767 vum 28. September 2023, S. 2-3.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • René Clesse (Text) & Guy Hoffmann (Biller): Oldtimer in Luxemburg. Menschen und ihre Automobile. Luxemburg 2004, Éditions Saint-Paul, 189 S. [2]

Referenzen an Notten

[änneren | Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort vum 12. Juli 2016, S. 19.
  2. (en)https://www.a-z.lu/discovery/fulldisplay?docid=alma9922093160807251&context=L&vid=352LUX_BNL:BIBNET_UNION&lang=fr&search_scope=DN_and_CI_UCV&adaptor=Local%20Search%20Engine&tab=DiscoveryNetwork_UCV&query=any,contains,ren%C3%A9%20clesse%20lieben&offset=0. www.a-z.lu. Gekuckt de(n) 2024-08-25.
  3. (en)https://www.a-z.lu/discovery/fulldisplay?docid=alma9922093160807251&context=L&vid=352LUX_BNL:BIBNET_UNION&lang=fr&search_scope=DN_and_CI_UCV&adaptor=Local%20Search%20Engine&tab=DiscoveryNetwork_UCV&query=any,contains,ren%C3%A9%20clesse%20lieben&offset=0. www.a-z.lu. Gekuckt de(n) 2024-08-25.
  4. René Clesse (1954-2016). De Feierkrop N° 1081 vum 15. Juli 2016, S. 2.