Milton Keynes Dons FC
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Milton Keynes Dons FC (Spëtznumm The Dons) ass en englesche Foussballveräin zu Milton Keynes am Buckinghamshire. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 an der Football League One, der drëtthéchster Spillklass am englesche Liga System, dat nodeem se sech 2007/08 aus der Football League Two eropgeschafft haten. De Veräi spillt seng Heemspiller am National Hockey Stadium.
De Veräi gouf 1889 als Wimbledon Old Centrals FC zu Wimbledon am Südweste vu London gegrënnt. Am Joer 2002 krut de Veräin vum englesche Foussballverband d'Erlabnes fir méi wéi 100 km no Norden op Milton Keynes ze plënneren. 1977 ass de Veräin fir d'éischt an déi véierthéchste Spillklass vum englesche Foussball komm, a bis 1986 hu se et bis an d'First Division, deemools déi héchst Spillklass gepackt. 1996 goufe se 6. an der Premier League, hir bescht Positioun am englesche Foussball. Als Wimbledon FC hu si 1988 den FA Cup gewonnen, wat de gréissten Erfolleg an der Veräinsgeschicht ass.