Leo (Stärebild)
Date vum Stärebild Leo | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Léiw |
Laténgeschen Numm | Leo |
Laténgesche Geenitiv | Leonis |
Laténgesch Ofkierzung | Leo |
Lage | Ekliptik |
Rektaszensioun | 9h 21m bis 11h 59m |
Deklinatioun | +33° 00´bis -6° 40´ |
Fläch | 947 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 83° Nord bis 57° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Wanter/Fréijoer |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
5 |
Hellste Stär, Gréisst |
Regulus (α Leonis), 1,36m |
Meteorstréim | Delta-Leoniden, Leoniden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Leo Minor Cancer Sextans Crater Virgo |
De Leo (laténgesch Léiw) ass e Stärebild op der Ekliptik.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]De Leo ass e markant Stärebild, dat um Fréijoershimmel liicht z'erkennen ass. Déi hell Stären Denebola, Regulus, Algieba (γ) an den δ Leonis maachen de Kierper vum „Léiw“. D'Stären ζ μ an ε Leonis stellen de Kapp duer. Dës gebéite Linn vu Stäre gëtt heiansdo och als „Séchel“ bezeechent.
Am Stärebild Léiw sinn e puer interessant Duebelstären déi liicht z'observéiere sinn. Ënner dem „Kierper“ fënnt een déi bekannt Galaxien M 65 an M 66.
Duerch de Léiw zitt sech d'Ekliptik, dofir wanderen d'Sonn, den Äerdmound an d'Planéiten duerch dëst Stärebild. De Leo gehéiert sou zu den Déierekreeszeechen. Opgrond vun der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs huet sech allerdéngs den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géintiwwer vun der Antiquitéit verréckelt. D'Sonn hält sech vum 10. August bis de 15. September am Stärebild Leo op.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Identifikatioun vun der Stäregrupp mat engem Léiw kéint op dat aalt Egypten zeréckgoen. Wärend der Zäit vun der grousser Summerhëtzt, hunn d'Léiwen d'Wüst verlooss a si bei d'Sandbänke vum Nil gezunn. Zu dësem Zäitpunkt stoung d'Sonn am haitege Stärebild Léiw. Allerdéngs huet dat egyptescht Stärebild nëmmen de „Kierper“ abezunn. D'Stärekette vum Kapp (respektiv der Séchel) huet fir si e Messer duergestallt.
Aner al Kulturen, wéi d'Perser, d'Syrer, d'Judden, d'Babylonier an d'Griichen hunn och am Stärebild e Léiw gesinn.
De Leo gehéiert zu den 48 klassesche Stärebiller, déi schonn vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Eng Grupp liichtschwaach Stären, déi fréier d'Quast um Schwanz vum Léiw duergestallt hunn, sinn am 2. Joerhonnert n. Chr. en eegent Stärebild ginn, d'Coma Berenices (d'Hoer vun der Berenike).
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 32 | Regulus | 1,36m | 78 | B7 V |
γ | 41 | Algieba | 2,01m | 126 | K1 III + G7 III |
β | 94 | Denebola | 2,14m | 36 | A3 V |
δ | 68 | Zosma, Duhr, Gülbahar | 2,56m | 58 | A4 V |
ε | 17 | Ras Elased Australis, Algenubi | 2,97m | 251 | G1 II |
θ | 70 | Chertan, Coxa | 3,33m | 170 | A2 V |
ζ | 36 | Aldhafera, Adhafera | 3,43m | 260 | F0 III |
η | 30 | 3,48m | 2000 | A0 Ib | |
ο | 14 | Subra | 3,52m | 116 | A5 V |
ρ | 47 | 3,84m | 2500 | B1 Ib | |
μ | Rasalas, Alshemali | 3,88m | 133 | K2 III | |
ι | 78 | 3,9m | 70 | F2 + G3 | |
σ | 77 | 4,05m | |||
υ | 91 | 4,30m | |||
54 | 4,30m | 200 | A1 + A2 | ||
λ | 4 | Alterf | 4,32m | 250 | K5 III |
R | 4,4 bis 11,3m | 300 | M7 III | ||
φ | 74 | 4,45m | |||
κ | 1 | 4,47m | |||
93 | 4,50m | ||||
72 | 4,56m | ||||
χ | 63 | 4,62m | |||
π | 29 | 4,68m | |||
40 | 4,78m | ||||
τ | 84 | 4,95m | |||
ξ | 5 | 4,99m | |||
10 | 5,00m | ||||
48 | 5,07m | ||||
75 | 5,18m | ||||
ν | 27 | 5,26m | |||
92 | 5,26m | ||||
ψ | 16 | 5,36m | |||
79 | 5,39m | ||||
ω | 2 | 5,40m | 120 | F9 + G0 | |
37 | 5,42m | ||||
46 | 5,43m | ||||
Wolf 359 | 13,53m | 7,8 | M6 V |
De β Leonis steet op enger Distanz vu 36 Liichtjoer an ass e Stär dee wäiss liicht mat der Spektralklass A3. En huet déi 2,3fach Mass an déi 12fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm Denebola ass vun alarabeschem Urspronk a bedeit „Schwanz vum Léiw“.
De Stär ε Leonis ass 251 Liichtjoer vun eis ewech. D'Nimm Ras Elased Australis oder Algenubi leede sech vun „de südleche Kapp vum Léiw“ of.
Den Numm Rasalas oder Ashemali steet fir de Stär μ Leonis, deen 133 Liichtjoer vun eis ewech ass, a bedeit souvill wéi „nërdleche Kapp vum Léiw“.
De Stär Wolf 359 läit op enger Distanz vu 7,8 Liichtjoer an ass deen drëttnächste Stär vun eiser Sonn. Dee nëmmen 13,53m helle Stär gouf am Joer 1918 vum Astronom Max Wolf op fotografesche Placken entdeckt. Den déifrouden Zwergstär huet nëmmen 10 % vun der Mass vun eiser Sonn. De Wolf 359 weist heiansdo Hellegkeetsausbréch, déi net am viraus ze gesi waren. Sou Stäre ginn als Flarestäre bezeechent.
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
α | 1,36/7,6/13,0m | 3’/4" |
σ | 2,2/3,5m | 4,4" |
78 | 4,0m/6,7m | 1,5" |
54 | 4,5/6,3m | 6,6" |
ω | 5,9/6,5m | 0,5" |
Den α Leonis ass en opfälleg helle Stär. De laténgeschen Numm Regulus bedeit „Prënz“. Et handelt sech ëm e Méifachstäresystem, a besteet aus dräi Komponenten, op enger Distanz vun 78 Liichtjoer. De liichtkräftegen Haaptstär ass e relativ jonke Stär, deem säin Alter op e puer honnert Millioune Joer geschat gëtt. De Stär rotéiert an nëmme 15,9 Stonnen ëm seng eegen Achs an ass duerch déi staark Zentrifugalkraaft un de Pole staark ofgeplatt. Hien huet deen 3,5facen Duerchmiesser vun eiser Sonn.
An engem Ofstand vu 4.200 Astronomesch Eenheeten ëmkreest eng Koppel liichtschwaach Stären den Haaptstär a ronn 130.000 Joer. Vun der Äerd aus gesinn huet d'Koppel en Ofstand vun 3 Bouminutten zum Haaptstär. – De Regulus läit bal direkt op der Ekliptik, a gëtt doduerch reegelméisseg vm Mound bedeckt.
Den γ Leonis ass en Duebelstär op enger Distanz vun 90 Liichtjoer. Den arabeschen Numm Algieba bedeit „Stier vum Léiw“.
D'System β Leonis ass 42 Liichtjoer vun eis ewech. Den Haaptstär ass ronn 20mal méi hell wéi eis Sonn. Am wäiten Ofstand vun 19 Bouminutte kreest säi Begleetstär mat der 6. Gréissteklass. Den arabeschen Numm Denebola staamt vum „Schwanz vum Léiw“ of.
Verännerlech Stären
[änneren | Quelltext änneren]Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
R | 5,8 bis 10.0m | 311 Deeg | Mira-Typ |
Den R Leonis ass ee verännerleche Stär vum Typ Mira, deem seng Hellegkeet sech iwwer en Zäitraum vun 311 Deeg staark ännert. Am Maximum kann en nach mat bloussem A gesi ginn. Wärend dem Hellegkeetsminimum brauch ee fir eng Observatioun en Teleskop.
Messier- an NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm/Beschreiwung |
---|---|---|---|---|---|
M 65 | 3623 | 9,5m | Galaxie | ||
M 66 | 3627 | 9m | Galaxie | ||
M 95 | 3351 | 10m | Galaxie | Balkespiralgalaxie | |
M 96 | 3368 | 9,5m | Galaxie | ||
M 105 | 3379 | 9,5m | Galaxie | ||
2903 | 9,0m | Galaxie | |||
3384 | 10m | Galaxie | |||
3628 | 10m | Galaxie |
D'Galaxiëpuer M 65 an M 66 dat op enger Distanz vu 40 Millioune Liichtjoer vun eis ewech ass ka scho mat engem klengen Teleskop gesi ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Leo (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |