[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Kasematt

Vu Wikipedia
Kasematte vum Fort Lambert (Deel vun der Festung Lëtzebuerg)

Eng Kasematt och nach Bunker ass en Deel vun enger Festung oder engem Fort dee ganz oder Deelweis am Buedem läit, fir géint de Beschoss vun Artilleriefeier, oder géint Bommen ze schützen.

Ofhängeg vum Festungswierk, a vun der Plaz, kënne se gebaut sinn. Bei ale Festunge sinn et dacks verwëlleft Galerien, wéi z. B. an der Festung vun Namouer, d'Galeries de Boufflers, oder an de Fiels gehae sinn, wéi déi meescht Kasematte vun der Festung Lëtzebuerg. A moderne Forte si s'aus arméiertem Bëtong.

Se ginn ënnerdeelt an aktiv a passiv Kasematten. Passiv Kasematte si geduecht fir Truppen oder Material ze schützen, wéi z. B. a ville Forten déi zum Système Séré de Rivières gehéieren.

Aktiv Kasematte gi gebaut, fir bei der Verdeedegung vun der Festung kënnen ze hëllefen, doduerch datt an hinne Maschinnegewierer oder Artilleriesgeschëtzer installéiert sinn. Där sinn z. B. an de Forte vun der Maginot-Linn ze fannen, wéi d'Kasematt vum Péitersbierg bei Angevillers oder d'Kasematt vu Boust.

D'Etymologie vum Wuert ass net kloer: Verschidde Quelle féieren et op déi spuenesch Wierder casa - "Haus" a matar "ëmbréngen", zeréck, anerer op dat italieenescht Wuert casamatta, wat "Verwëllef mat Mauere" bedeit, a sengersäits op d'griichescht Wuert chásma, wat "Äerdspléck" heescht, zeréckgéing.

Commons: Bunkers by country – Biller, Videoen oder Audiodateien