[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

John Wyclif

Vu Wikipedia
John Wyclif
Gebuer 1320er jul.
Hipswell
Gestuerwen 31. Dezember 1384 jul.
Lutterworth
Nationalitéit Kinnekräich England
Educatioun Merton College,
Queen's College
Aktivitéit Theolog, Iwwersetzer, Philosoph, Bibeliwwersetzer, Schrëftsteller


Den John Wyclif (och Wycliffe, Wicliffe oder Wiclif), gebuer 1320 (?) zu Hipswell, am Nord Yorkshire, a gestuerwen den 31. Dezember 1384 zu Lutterworth, war een engleschen Theolog, Reformator, Auteur an Iwwersetzer.

Liewen a Wierk

[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium am Balliol College zu Oxford, gouf de Wyclif d'éischt Master vu sengem College an duerno, wéi e bis an den Déngscht vun der Kierch agetratt war an zu Oxford als Master demissionéiert hat, vicar (Kaploun) vu Fillingham am Lincolnshire. 1361 ass hie prebendary (de: Pfründner; fr: prébendier) vu Westbury ginn. Zu där Zäit hat hie schonn en Traité iwwer Logik geschriwwen an huet als gebilte Mann an Denker gegollt. 1372 gouf hien Dokter an der Theologie a gouf Doumhär vu Lincoln. 1374 ass hien op Bruges, a Flandern, geschéckt ginn, fir do, als Member vun enger Kommissioun, mat Delegéierte vum Poopst iwwer kierchlech Sträitfroen ze debattéieren. Dat selwecht Joer gouf hie Rekter vun der räicher Kierchegemeng Lutterworth am Leicestershire, wou hien du bis zu sengem Doud gewunnt huet.

1376 huet hien De Domino Divino, iwwer d'gëttlech Autoritéit, publizéiert, ee Wierk an deem hie behaapt huet, datt all Autoritéit op der gëttlecher Gnod berout, an datt deemno korrupt Herrscher oder Kiercheleit keng Muecht däerften ausüben. Seng Usiichte goufe vun de sougenannte Lollards opgegraff an iwwerdriwwen ausgeluecht. An den deemolege Sträitfroen tëscht England an dem Hellege Stull hat hien eng souwuel liberal wéi patriotesch Positioun. Déi Attitüd huet him d'Ënnerstëtzung vum John of Gaunt (fr: Gand, fl. Gent), éischten Herzog vu Lancaster, a vum Earl Marshal Henry Percy geséchert, an déi zwéin Hären hunn hien och begleet, wéi hie sech 1377 virun de kierchlechen Autoritéite vun der Londoner Bëschofskierch St Paul huet misse justifiéieren. D'Versammlung gouf allerdéngs duerch d'Irruptioun vum Londoner Pak opgeléist, an et gouf keng Decisioun zum Wyclif sengen Usiichte geholl. Ee Joer méi spéit ass och een anere Prozess, déi Kéier zu Lambeth, ouni entscheedent Conclusioun op en Enn gaangen.

Den John Wyclif, deem seng Positioun elo definitiv am Widdersproch zum Poopst sengem System war, huet seng eegen Institutioun, déi vun den aarme Priedeger (poor preachers), organiséiert, a seng grouss Entreprise vun der Iwwersetzung vun der Helleger Schrëft lancéiert. Sécher ass, datt hien d'Evangelien an d'Englesch iwwersat huet, vläicht och de Rescht vum Neien Testament a warscheinlech ganz Deeler vum Alen Testament. Dat komplett Wierk ass vum John Purvey editéiert ginn, engem Frënd vun Oxford, dee bei de Wyclif op Lutterworth komm war. 1400 war déi ganz Bibeliwwersetzung ofgeschloss.

1380 huet de Wyclif d'Léier vun der Transsubstantiatioun (vgl. Eucharistie!) ëffentlech verworf, an hie krut verbueden, zu Oxford z'ënnerriichten, wou hien deemools schonn e groussen Afloss hat. 1382 huet den Äerzbëschof vu Canterbury ee Geriicht organiséiert, dat dem Wyclif seng Usiichte condamnéiert huet. Mä d'Iddie vum Wyclif hate schonn sou vill Unhänger, datt hien ouni Gefor fir seng Persoun Oxford verloossen a sech op Lutterworth zeréckzéie konnt. Do ass hien, ofgenotzt duerch d'Aarbecht an duerch d'Onrou, wéinst der Bedreeung duerch d'Kierch, op Sylvester 1384 un engem Schlag wärend der Mass gestuerwen. Seng Feinden, déi him ee Liewe laang näischt konnten undinn, hu sech domat getréischt, datt si 1428 seng stierflech Iwwerreschter ausgegruewe, verbrannt an an de Floss Swift gepucht hunn.

  • Anthony J. Kenny (Editeur), Wyclif in his times ; Oxford (Clarendon Press), 1986. ISBN 0-19-820088-9
  • Manfred Vasold, Frühling im Mittelalter - John Wyclif und sein Jahrhundert ; München (List), 1984. ISBN 3-471-79010-1
  • D.C. Browning (Editeur; compiléiert nom John W. Cousin sengem Wierk), Everyman's Dictionary of Literary Biography - English and American ; London (Pan Books Ltd), 1969 (3. Oplo). ISBN 0-330-02964-9
  • John D. Long, The Bible in English - John Wycliffe and William Tyndale ; Lanham, Maryland (University Press of America), 1998. ISBN 0-7618-1116-8
  • Victor Vattier, John Wiclif - Sa vie, ses oeuvres, sa doctrine ; Paräis (Leroux), 1886.
Commons: John Wycliffe – Biller, Videoen oder Audiodateien