[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Jean Fohrmann

Vu Wikipedia
Jean Fohrmann
Als Buergermeeschter vun Diddeleng, 1951
Gebuer 5. Juni 1904
Diddeleng
Gestuerwen 17. September 1973
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler, Schlässer
Partei LSAP
Famill
Kanner Marthe Bigelbach-Fohrmann, Léonie Bodry-Fohrman

De Jean ("Jängi") Fohrmann, gebuer de 5. Juni 1904 zu Diddeleng, a gestuerwen de 17. September 1973 zu Esch-Uelzecht,[1] war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler an LSAP-Politiker.

Seng Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Fohrmann huet seng Carrière mat fofzéng Joer als Schlässer am Stolwierk op der Diddelenger Schmelz ugefaangen, wou hien am LAV militéiert huet. Nodeem hien 1924 an d'Belsch bei d'Forges de Clabecq gewiesselt hat, huet seng Gewerkschaft him d'Studien op der École Ouvrière Supérieure zu Bréissel erméiglecht. Hie gouf duerno Gewerkschaftsekretär an ass 1935 an d'Plaz vum déidlech verongléckte Jean-Pierre Bausch an d'Chamber "nogerutscht". 1935 war hien och an de Gemengerot vun Diddeleng gewielt ginn, huet sech awer do zréckgezunn fir dem Nic Conrady, President vum Aarbechterrot, déi Plaz z'iwwerloossen.

Am Zweete Weltkrich war de Jean Fohrmann Resistenzler a scho virdrun hat hi vill Kontakter mam franséische Geheimdéngscht an der Persoun vum Capitaine Fernand Archen, zanter 1936 Chef vun der Mission Polux, deen als Deckmantel e Wäinhandel an der Stad um Belair bedriwwen huet. De Jean Fohrmann gouf dowéinst mat senger Famill 1942 op Leubus a Schlesien ëmgesidelt an hie selwer koum 1944 an d'KZ Groß-Rosen.

Vun 1946 bis 1965 war hien, als Nofollger vum Théodore Thiel, Buergermeeschter vun der Stad Diddeleng.

Och nom Krich war hie vun 1945 bis 1958, du vun 1959 bis 1965, an nach eng Kéier tëscht 1969 an 1973 Deputéierten an der Chamber.

Vun 1952 bis 1957 war de Jängi Fohrmann Member a Vizepresident vun der berodender europäescher Versammlung (Assemblée consultative) vun der CECA, déi zu Stroossbuerg zesumme koum. 1965 bis 1967 war hie Member vun der Héijer Autoritéit vun der CECA.

Hie war Ausserdeem tëscht 1953 an 1964 Direkter vum Escher Tageblatt.

De Jängi Fohrmann huet och eng Rei vun Theaterstécker geschriwwen.

Hie war de Papp vun der Marthe Bigelbach-Fohrmann an de Grousspapp vum Alex Bodry.

De Jängi Fohrmann huet sech an den 1930er Joren an der Jeunesses ouvrières engagéiert an an där hirer Zäitschrëft Die Arbeiterjugend Artikele publizéiert. Ausserdeem huet hie fir déi Organisatioun Theaterstécker geschriwwen, wéi Der Sonn entge'nt an Duerch d'Nuecht, sou wéi och aner Kaméidisstécker mat demools populäre Lidder wéi De Jim an de Bim, Kuddel-Muddel, Larifari a Gro'sse Streit emsoss. Och iwwer seng Erliefnisser zu Groß-Rosen huet hien e Rapport publizéiert, K.-Z. Tatsachenberichte aus deutschen Konzentrationslagern.[2]

  • Alex Bodry, André Bigelbach: Jean Fohrmann. Lebenserinnerungen. Eng Diddelenger Biographie. 2023.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 124
  2. Jean Fohrmann am autorenlexikon.lu.
  3. Memorial A N°17 vun 1960 mat der Lëscht vun de Leit déi 1960 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert de(n) 2014-04-21. Gekuckt de(n) 2013-01-03.