Groucho Marx
Groucho Marx | |
---|---|
am Joer 1931 | |
Gebuertsnumm | Julius Henry Marx |
Gebuer |
2. Oktober 1890 Manhattan |
Gestuerwen |
19. August 1977 Cedars-Sinai Medical Center |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Komiker, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Radiosspeaker |
Partei | Democratic Party |
Member vun | Marx Brothers |
Famill | |
Bestuet mat | Eden Hartford |
Papp | Sam Marx |
Mamm | Minnie Marx |
Geschwëster | Zeppo Marx, Harpo Marx, Chico Marx, Gummo Marx |
Kanner | Arthur Marx, Melinda Marx |
De Groucho Marx, gebuer den 2. Oktober 1890 zu New York City als Julius Henry Marx a gestuerwen den 19. August 1977 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Schauspiller an Entertainer, deen als ee vun de Marx Brothers zu deene Komiker an englescher Sprooch mat weltwäit deem gréisste Succès gezielt gëtt.
No groussem Succès um Broadway hunn d'Marx-Bridder et och zu Hollywood gepackt, virun allem an den 1930er Joren eng ganz Rëtsch erfollegrâich Filmer ze dréinen. Hir Film- a Bünepersonnage waren ëmmer déi selwecht: Den Harpo war ee Stëmmchen, deen Harf gespillt huet an ëmmer nees déi onméiglechst Saachen aus sengem weide Mantel erausgezunn huet; den Chico war en Italieener mat engem stereotypeschen Accent an Temperament, an de Groucho huet en Här gespillt, dee mat opgemooltem Schnurres an Aperhoer an enger Zigar, ëmmer eng pointéiert Äntwert parat hat, a sech sou duerch Argumentéiere Virdeeler verschafe konnt, z. B. och fir sech, jee nodeem, un Dammen erunzemaachen oder se sech vum Leif ze halen.
An den 1930er an 1940er Joren huet de Groucho och beim Radio als Komiker a Presentateur vun enger eegener Show geschafft. Och an den 1950er Joren huet hie geleeëntlech bei der Quiz-Sendung You Bet Your Life als Presentateur gewierkt, ufanks um Radio, méi spéit op der Televisioun, woubäi et dodra manner ëm d'Froen, wéi ëm d'Improvisatioune ronderëm goung.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1921: Humorisk (Stommfilm, verluer gaangen)
- 1929: The Cocoanuts, Regie: Robert Florey, Musek: Irving Berlin
- 1930: Animal Crackers, Regie: Victor Heerman, Musek: Bert Kalmar, Harry Ruby
- 1931: Monkey Business, Regie: Norman Z. McLeod
- 1932: Horse Feathers, Regie: Norman Z. McLeod, Musek: Bert Kalmar, Harry Ruby
- 1933: Duck Soup, Regie: Leo McCarey, Musek: Bert Kalmar, Harry Ruby
- 1935: A Night at the Opera, Regie: Sam Wood, Musek: Walter Jurmann
- 1937: A Day at the Races, Regie: Sam Wood, Musek: Walter Jurmann
- 1938: Room Service), Regie: William A. Seiter
- 1939: At the Circus, Regie: Edward Buzzell
- 1940: Go West, Regie: Edward Buzzell
- 1941: The Big Store, Regie: Charles Reisner
- 1946: A Night in Casablanca, Regie: Archie Mayo
- 1947: Copacabana
- 1949: Love Happy, Regie: David Miller
- 1950: Mr. Music
- 1951: Double Dynamite
- 1952: A Girl in Every Port
- 1957: Will success spoil Rock Hunter?
- 1957: The Story of Mankind, Regie: Irwin Allen
- 1968: Skidoo
Wierker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Beds. Farrar & Rinehart, New York NY 1930
- mam Norman Krasna: Time for Elizabeth. A Comedy in three Acts. Dramatists Play Service, New York NY 1949, (Theaterstéck).
- Groucho and Me. Geis Associates, New York NY 1959 (Autobiographie).
- Memoirs of a mangy Lover. Manor Books, New York NY 1963.
- The Groucho Letters. Letters from and to Groucho Marx. Simon and Schuster, New York NY 1967.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Charlotte Chandler: Groucho und seine Freunde. Rogner & Bernhard bei Zweitausendeins, Frankfurt am Main und München 1984, ISBN 3-8077-0200-8
- Charlotte Chandler: Groucho. Der Chef der Marx-Brothers. Wilhelm Heyne Verlag, München 1988, ISBN 3-453-00815-4 (Hello, I must be going. Doubleday, New York City 1978)
- Ulrich Hoppe: Die Marx Brothers. Heyne Filmbibliothek, 1985, ISBN 3-453-86077-2
- Michael Schulte: Warum haben Sie nicht das Pferd geheiratet? Groucho Marx - Sein Leben. Piper, München 1990, ISBN 3-492-11279-X
- Rainer Nolden: Die Marx Brothers. Rowohlt, Reinbek 2002, ISBN 3-499-50454-5
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Groucho Marx – Biller, Videoen oder Audiodateien |