Gaston Glaesener
Ausgesinn
Gaston Glaesener | |
---|---|
Gebuer |
1. September 1916 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
7. Juni 1990 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Pedagog, Politiker, Schoulmeeschter |
Partei | LSAP |
De Gaston Glaesener gebuer den 1. September 1916 an der Stad an och do de 7. Juni 1990 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an LSAP-Politiker.[1]
Hien huet seng berufflech Karriär 1938 als Schoulmeeschter zu Ettelbréck ugefaangen[1] a war duerno Direkter vun der École supérieure du travail a Regierungscommissaire.
Hie war vun 1979 bis 1981 a vun 1984 bis 1987 Conseiller fir d'LSAP am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.[1]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 Kuerze Portrait vum Gaston Glaesener an Ons Stad N°35 vun 1990