Europastrooss
D'Bezeechnung Europastrooss gëllt fir eng Klass vu Stroosse fir Verkéier op groussen Distanzen an Europa an an Zentral- a Klengasien.
D'Stroossennetz vun den Europastroossen ëmfaasst ronn 50.000 Kilometer, a si sinn duerch e wäissen „E“ mat enger Nummer hannendrun op gréngem Fong gezeechent.
A verschiddene Länner stinn d'Panneaue vun den Europastroossen nieft deene vun den anere Stroossen, an an anere Länner wéi z. B. a Schweden, sinn déi grouss Nationalstroosse fir internationalen Trafic nëmme mat engem Europastroosseschëld gezeechent.
Et gëtt ongeféier 240 Europastroossen.
Rechtlech Basis
[änneren | Quelltext änneren]No engem éischten Accord vum 16. September 1950 goufen d'Europastroossen ënnert der Féierung vun de Vereenten Natiounen de 15. November 1975 an engem neien Accord[1] definéiert; dësen Accord gouf duerch d'Gesetz vum 18. Juni 1981 zu Lëtzebuerg an nationaalt Recht ëmgesat[2].
Den Accord schreift ë. a. d'Konditioune vir, déi d'Stroossen erfëlle musse fir kënnen als Europastrooss bezeechent ze ginn. Als Beispill kann een nennen:
- den Trajet vun der Europastrooss muss ëmmer iwwer d'Strooss mat der héchster Hierarchie féieren (z. B. Autobunn amplaz vun enger Nationalstrooss);
- wann eng Europastrooss an enger Uertschaft zu Nuisancen oder enger Gefor féiert, da muss dës Uertschaft ëmfuer ginn[3].
Nummeréierung vun den Europastroossen
[änneren | Quelltext änneren]Vun den 1950er Jore bis ongeféier 1985 bestoung en alen Nummeresystem, bei deem déi wichtegst Europastroossen eng eestelleg Nummer haten - z. B. déi al E5 vu London op Istanbul oder déi al E6 vu Kirkenes iwwer Narvik op Roum - déi aner Stroossen haten eng zweestelleg Nummer.
Verschidde Stroossen a Skandinavie goufe bei der Aféierung vum neien Nummeresystem net ëmnummeréiert an hunn dowéinst haut nach eng eestelleg Nummer, sou z. B. d'E4 a Schweden a Finnland an d'E6 a Schweden an Norwegen.
Hautdesdaags gëlle fir d'Nummeréierung dës Prinzipien:
D'Europastroosse sinn an zwou Kategorien agedeelt:
„Kategorie A“
[änneren | Quelltext änneren]Heizou zielen d'Haaptstroossen (oder Referenzstroossen) an d'Tëschestroossen.
- D'Referenzstroossen an Nord-Süd-Richtung sinn zweestelleg nummeréiert, mat enger ongerueder Nummer déi mat enger „5“ ophält (d'Nummere gi vu Westen a Richtung Oste méi grouss); z. B. E05, E45.
- Als Ausnam heizou zielen d'Referenzstroossen an Nord-Süd-Richtung déi ëstlech vun der E99 leien: dës hunn eng dräistelleg ongerued Nummer tëscht 101 an 129; z. B. E101, E119.
- d'Referenzstroossen, déi an Ost-West-Richtung lafe sinn zweestelleg nummeréiert, mat enger gerueder Nummer déi mat enger „0“ ophält (d'Zuel gëtt vun Norden a Richtung Süde méi grouss); z. B. E10, E70.
Déi Stroossen, déi tëschent de Referenzstroosse lafen (also d'Tëschestroossen) hunn entweeder eng gerued oder ongerued Nummer, woubäi dës Nummer tëscht den Nummere vun der jeeweilege Referenzstroosse läit.
Beispill: Tëscht der E10 an der E20 lafen d'Europastroossen E12, E14, E16 an E18 an der selwechter Grondrichtung.
„Kategorie B“
[änneren | Quelltext änneren]An der „Kategorie B“ sinn d'Sekundärstroossen, also déi, déi vun der Kategorie A ofzweigen, se ëmginn oder se verbannen; dës Stroosse sinn dräistelleg nummeréiert, woubäi déi, déi ëstlech vun der E101 leien, mat enger „0“ ufänken, also 001 bis 099.
Vun der dräistelleger Nummer ass:
- déi éischt Ziffer d'Ufanksziffer vun där Referenzstrooss déi mat „0“ ophält an déi nërdlech am nooste vun der Kategorie B-Strooss läit;
- déi zweet Ziffer d'Ufanksziffer vun där Referenzstrooss déi mat „5“ ophält an déi westlech am nooste vun der Kategorie B-Strooss läit;
- déi drëtt Ziffer eng lafend Nummer[4].
Europastroossen zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Duerch Lëtzebuerg lafe follgend Europastroossen:
- D'Kategorie-A-Stroossen:
- D'Kategorie-B-Strooss E421 (Sekundärstrooss)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: International E-road network – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Plang mat den Europastroossen zu Lëtzebuerg op der Websäit vu Ponts & Chaussées
- Basisschema mat den Europastroossen
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Accord européen sur les grandes routes de trafic international (AGR) - Versioun vun 2013, op der Websäit vun der Schwäizer Regierung (fir d'lescht gekuckt de 16. August 2016)
- ↑ Loi du 18 juin 1981 portant approbation de l'Accord européen sur les grandes routes de trafic international (AGR), en date, à Genève, du 15 novembre 1975 op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung (fir d'lescht gekuckt de 16. August 2016).
- ↑ La définition des routes européennes am Papier stratégique „route2020.lu“ du réseau routier étatique vu Ponts & Chaussées (fir d'lescht gekuckt de 16. August 2016)
- ↑ Annex 1 vum AGR (Hei an englescher Versioun)