Duel (Film 1971)
Ausgesinn
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 1971 |
Première | 1971 |
Dauer | 90 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 1,33:1 - 16 mm |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Steven Spielberg |
Dréibuch | Richard Matheson |
Fotografie | Jack A. Marta |
Musek | Billy Goldenberg |
Schnëtt | Frank Morriss |
Dekoren | Robert S. Smith |
Produzent |
George Eckstein Universal Television |
Produktiouns- gesellschaft | Universal Studios |
Schauspiller | |
Dennis Weaver als David Mann Jacqueline Scott als Mrs. Mann Lou Frizzell als Buschauffer Eddie Firestone als Wiert | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Duel ass en US-amerikanesche Film vum Steven Spielberg aus dem Joer 1971 no enger Geschicht vum Richard Matheson.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Den David Mann ass mat sengem Auto op engem Highway a Kalifornien ënnerwee. Virun him daucht e schwéieren Tankwon op dee stënterlech bremst an ëmmer méi lues fiert. Wéi hien de Camion well iwwerhuelen, verspäert deen him de Wee a léisst en net laanscht. No e puer Versich geléngt et him endlech laanscht de Camion ze kommen, awer du fänkt de Camion un, Juegd op hien ze maachen...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Duell gouf als TV-Film fir den US-amerikanesche Sender ABC op 16 mm gedréint. Wéinst dem groussen Erfolleg gouf déi éischt Versioun vu 74 Minutte mat nogedréinten Zeenen op 90 Minutte verlängert a koum dunn och an d'Kinoen.