Diana Ross
Diana Ross | |
---|---|
Gebuertsnumm | Diana Ernestine Earle Ross |
Gebuer |
26. Mäerz 1944 Detroit |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Sänger, Museksproduzent, Komponist, Filmproduzent, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Arne Næss, Jr. |
Kanner | Tracee Ellis Ross, Evan Ross, Rhonda Ross Kendrick |
D'Diana Ross, gebuer als Diana Ernestine Earle Ross de 26. Mäerz 1944 zu Detroit, ass eng US-amerikanesch Pop, R&B, Soul an Disco-Sängerin a Schauspillerin.
Zesumme mat hirer Grupp The Supremes a wärend hirer Solocarrière huet si iwwer 100 Millioune Placke verkaaft.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Opstig mat de Supremes
[änneren | Quelltext änneren]D'Diana Ross ass zu Detroit opgewuess an am Alter vu 15 Joer Member an der Gesangsgrupp The Primettes ginn. 1961 huet d'Grupp hiren Numm an The Supremes ëmgeännert a krut e Plackekontrakt bei Motown Records. 1963 hate si mat When the Lovelight Starts Shining Through His Eyes en éischten Hit. An den 1960er hu sech d'Supremes zu enger vun den erfollegräichsten Artistegruppe vu Motown entwéckelt a si sinn och nach haut déi erfollegräichst "Vocal Group" aus den USA an eng vun de Girlgruppen, déi weltwäit am meeschte Placke verkaaft huet. Bekannt Titele sinn ënner anerem Where Did Our Love Go (1964), Baby Love (1964), Stop! In the Name of Love (1965), Back in My Arms Again (1965), You Can't Hurry Love (1966), You Keep Me Hangin' On (1966) an Love Child (1968). Am Ganzen haten d'Supremes 12 Nummer-Eent-Hitten an den amerikanesche Singlecharts.
Solocarrière bei Motown
[änneren | Quelltext änneren]No hirem Depart bei de Supremes Ufank 1970 huet d'Diana Ross hiren éischte Soloalbum Diana Ross verëffentlecht, op deem d'Hitsingelen Reach Out and Touch (Somebody's Hand) an Ain't No Mountain High Enough ze fanne sinn. Donieft war si och als Schauspillerin aktiv an huet am 1972er Film Lady Sings the Blues d'Billie Holiday portraitéiert, eng Roll fir déi si fir e Golden Globe Award an en Academy Award ("Oscar") nominéiert gouf. Mam Film gouf och de Soundtrack Lady Sings the Blues verëffentlecht, op deem d'Diana Ross Lidder vun der Billie Holiday séngt. Deen Album war e grousse Succès an huet sech iwwer 2 Milliounemol verkaaft.
1973 ass den Album Touch Me in the Morning erauskomm, vun deem d'Singleauskoppelung mam selwechten Numm op déi éischt Plaz vun den Charts geklommen ass. 1975 huet d'Diana Ross d'Haaptroll am Film Mahogany gespillt, deen zwar schlecht Kriticke krut, mä trotzdeem e kommerziellen Erfolleg war. Och de Soundtrack war vum Diana Ross an d'Lidd Theme from Mahogany (Do You Know Where You're Going To) stoung erëm op der éischter Plaz vun den amerikaneschen Charts.
Den Titel Love Hangover vum Album Diana Ross (1976) war hire véierten Nummer-Eent-Hit. 1979 ass The Boss erauskomm a schonn d'Joer drop gouf den Album Diana verëffentlecht. Dee stoung op der zweeter Plaz vun den Charts an huet sech weltwäit 9 Millioune Mol verkaaft.[1] International erfollegräich Singleauskoppelunge waren Upside Down an I'm Coming Out. 1980 huet d'Sängerin de Label Motown verlooss an ee Joer méi spéit mat Endless Love, engem Duett mam Lionel Richie, hire leschten Nummer-Eent-Hit an den USA.
Spéider Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Albumen no Motown ware Why Do Fools Fall in Love (1981) a Silk Electric (1982). Spéider Albume waren net méi esou erfollegräich wéi déi virdrunn. D'Lidder My Old Piano (1980), Why Do Fools Fall in Love (1981), Mirror, Mirror (1982), Muscles (1982), All of You (1984, mam Julio Iglesias), Eaten Alive (1985, mam Michael Jackson), Chain Reaction (1985) a When You Tell Me That You Love Me (1991) konnte sech zumindest a bestëmmte Länner nach gutt an den Charts placéieren.
D'Diana Ross ass zu Chicago wärend der Erëffnungszeremonie vun der FIFA-Foussballweltmeeschterschaft 1994 an 1996 wärend dem Super Bowl XXX opgetrueden. Fir hir Roll am Film Out of Darkness (1994) gouf d'Diana Ross nees fir e Golden Globe Award nominéiert.
1999 huet si nieft der Sängerin Brandy am Film Double Platinum eng Haaptroll gespillt.
2005 huet d'Sängerin op engem Cover vun der Boyband Westlife vun hirem Titel When You Tell Me That You Love Me matgesongen, deen op der éischter Plaz an den ireschen an op der zweeter Plaz an de brittesche Singlecharts stoung.
1988 ass d'Diana Ross mat anere Supremes-Memberen an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn. Si gouf am Ganzen 12-mol fir e Grammy Award nominéiert, deen si zwar ni gewonnen huet mä dofir 2012 mat engem "Grammy Lifetime Achievement Award" fir hir d'Liewenswierk ausgezeechent ginn ass.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]Studiosalbumen
[änneren | Quelltext änneren]- 1970: Diana Ross
- 1970: Everything Is Everything
- 1971: Surrender
- 1973: Touch Me in the Morning
- 1973: Diana & Marvin (zesumme mam Marvin Gaye)
- 1973: Last Time I Saw Him
- 1976: Diana Ross
- 1977: Baby It's Me
- 1978: Ross
- 1979: The Boss
- 1980: Diana
- 1981: Why Do Fools Fall in Love
- 1982: Silk Electric
- 1983: Ross
- 1984: Swept Away
- 1985: Eaten Alive
- 1987: Red Hot Rhythm & Blues
- 1989: Workin' Overtime
- 1991: The Force Behind the Power
- 1994: A Very Special Season
- 1995: Take Me Higher
- 1999: Every Day Is a New Day
- 2006: Blue
- 2006: I Love You
- 2021: Thank You
Livealbumen
[änneren | Quelltext änneren]- 1974: Live at Caesars Palace
- 1977: An Evening with Diana Ross
- 1989: Greatest Hits Live
- 1993: Christmas in Vienna
- 1993: Stolen Moments: The Lady Sings... Jazz and Blues
Soundtracken
[änneren | Quelltext änneren]- 1971: Diana!
- 1972: Lady Sings the Blues
- 1975: Mahogany
- 1978: The Wiz
- 1981: Endless Love
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1972: Lady Sings the Blues
- 1975: Mahogany
- 1978: The Wiz
- 1995: Out of Darkness
- 1999: Double Platinum
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Diana Ross – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ theboombox.com: 35 Years Ago: Diana Ross Releases Her Biggest-Selling Album ‘Diana’ (22. Mai 2015)