[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Beerenberg

Vu Wikipedia
Beerenberg op Jan Mayen

De Beerenberg ass en aktive Stratovulkan am Nordoste vun der norwegescher Insel Jan Mayen an en Deel vum Mëttelatlantesche Réck. Et ass deen am nërdlechste geleeëne Vulkan weltwäit. Ausbréch goufen an de Joren 1970, 1973 an 1985 registréiert.

De Beerenberg ass 2.277 m héich (Spëtz Haakon VII.) an huet um Fong en Duerchmiesser vun zirka 20 km. De Krater ass bis zu 1 km breet. De Vulkan ass gréisstendeels vu Gletschere bedeckt.

De Per Wexels an de Magne Råum waren déi éischt Mënschen um Vulkan (1944). Si waren an der Ekipp vun enger norwegescher Meteorologie-Statioun, déi op Jan Mayen am Zweete Weltkrich ageriicht gouf.

Commons: Beerenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien