Beckerelli
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Varietékënschtler Jean Becker. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Becker. |
De Johann Joseph Friedrich Becker oder Jean Becker, besser bekannt ënner sengem Kënschtlerpseudonym Beckerelli; gebuer 1860 zu Köln a gestuerwen 1933[1], war en däitschen Illusionist.
Hien huet vun 1880 bis 1914 zu Lëtzebuerg op der Gare an der rue du Fort Bourbon Nr. 10 gewunnt an huet deemools zu deene bekanntsten a populäerste Varieté-Kënschtler gezielt. E gouf souguer vum Groussherzog Adolphe zum "Haffkënschtler" ernannt. En ass zäitweis och als "Professor" Beckerelli opgetrueden. 1914 ass e wéinst dem Krich an d'Schwäiz, op St. Gallen geplënnert, wou e weiderhi vill Succès hat.[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- "Wee war de Beckerelli?" Interview mam Rico Leitner op rtl.lu, 04.11.2013 - 06:00.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Beckerellis Wiederkunft." Tagblatt Online, 26. März 2011, 01:08 Uhr.
- ↑ "Beckerelli - ein Meister der Magie in Luxemburg." Annonce fir eng Konferenz vun der BNL, den 21-10-2013, op bnl.public.lu.