[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Bart J. Bok

Vu Wikipedia
Bart J. Bok
Gebuer 28. Abrëll 1906
Hoorn
Gestuerwen 5. August 1983
Tucson
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Holland, USA
Educatioun Universitéit vu Leiden,
Universitéit Groningen
Aktivitéit Astronom
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, International Astronomesch Unioun, American Astronomical Society, National Academy of Sciences

De Bartholomeus "Bart" Jan Bok, gebuer den 28. Abrëll 1906 zu Hoorn, Holland, a gestuerwen de 5. August 1983 zu Tucson, Arizona war en US-amerikaneschen Astronom.

Hie gouf bekannt duerch seng Aarbechten iwwer d'Struktur an Evolutioun vun der Mëllechstrooss souwéi dem Studium vun de Globulen, déi him zu Éieren och Bok-Globule genannt ginn.

De Bok huet op der Universitéit Leiden an op der Universitéit Groningen (Ph. D. 1932) studéiert. Fir de Rescht vu senger wëssenschaftlecher Karriär war hien op der Harvard Universitéit (1929-57), der Australian National University (1957-66) an op der Universitéit vun Arizona (1966-74). 1938 gouf hien US-amerikanesche Staatsbierger.

Vun 1957 bis 1966 war hien Direkter vum Mount Stromlo Observatoire an Australien a vun 1966 bis 1970 vum Steward Observatoire an Arizona.

1970-1976 war hie Vizepresident vun der Internationaler Astronomescher Unioun a vun 1972 bis 1974 President vun der American Astronomical Society.

Ausserdeem war de Bok Member bei der Skeptics Society, enger Gesellschaft fir d'Fërdere vu wëssenschaftlechem a skepteschem Denken.

Him zu Éiere kruten den Asteroid (1983) Bok, de Moundkrater Bok an de Bok-Teleskop am Steward Observatoire hiren Numm.

Bart J. Bok, Priscilla F. Bok: The Milky Way (1941, 5. Aufl. 1981)

Portal Astronomie