[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

BP

Vu Wikipedia
BP
Typ Public limited company
Grënnungsdatum 14. Abrëll 1909
Grënner William Knox D'Arcy, Charles Greenway
Sëtz London
President Carl-Henric Svanberg
Generaldirekter Bernard Looney
Mataarbechter 70.100
  (2019)
Ëmsaz 241.392.000.000 US-Dollar
  (2022)
Branche Pëtrolsindustrie
Homepage https://bp.com

BP (offiziell BP plc[1]) ass eng multinational brittesch Pëtrolsfirma mat Sëtz zu London. Se ass de 14. Abrëll 1909 gegrënnt ginn an ass an der Fuerschung, der Extraktioun, der Raffinerie an dem Verkaf vu Pëtrolsproduiten aktiv.

D'Firma huet fréier noeneen Anglo-Persian Oil Company (APOC-1909), Anglo-Iranian Oil Company (AIOC-1935), British Petroleum Company (BP-1954), BPAmoco (2001) geheescht, ier se 2002 nees a BP ëmgenannt gouf.

BP stoung 2024 op der 47. Plaz vun de weltwäit gréissten Entreprisë mat engem Ëmsaz vun 202,1 Milliarden Dollar an engem Gewënn vun 9,24 Milliarden Dollar[2].

Wéinst enger Uelegpescht déi den 20. Abrëll 2010 vun der hirer Buerplattform Deepwater Horizon am Golf vu Mexiko ausgeléist gouf, ass d'Firma 2015 vun der US-amerikanescher Ëmweltschutzverwaltung mat enger Rekordzomm vun 20,8 Milliarden Dollar bestrooft ginn. Bei enger Etüd vun 2019 gouf festgestallt, datt BP zënter 1965 mat Emissioune vu 34,02 Milliarden Tonnen CO2-Equivalent, déi Firma mat dem sechsthéchsten Ausstéiss an deem Zäitraum war[3].

D'Pëtrolsfirma bedreift hiert Geschäft weltwäit ënner de véier grousse Marke BP, Aral, Castrol an ARCO, souwéi der historescher Mark Gasolin.

BP zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

De 24. Januar 1947 ass d'Gesellschaft BP Luxembourg mat der Firmebezeechnung L'Alliance luxembourgeoise gegrënnt ginn[4]. An de Statute vun der Firma steet expressis verbis dran, datt de Firmennumm BP Luxembourg mat Erlabnis vun der British Petroleum Company däerf benotzt ginn.

Den 22. September 1993 huet de Verwaltungsrot vu BP Luxembourg decidéiert d'Firma ze splécken an zwou nei Entreprisen ze grënnen: BP Capellen a BP Bertrange. D'BP-Statioune vu Capellen, Nidderkuer, Nidderkäerjeng a Bouneweg (Diddenuewener Strooss) sinn u BP Capelle gaangen, iwwerdeems all aner Immobilien, dorënner d'Statioune vun Esch-Uelzecht, Eech, Polvermillen, Iechternach, Rodange a Stengefort u BP Bertrange goungen.

Den 30. November 1993 ass BP Bertrange a Kuwait Petroleum (Bertrange) ëmgenannt ginn[5] an d'Statioune vun der fréierer BP Bertrange kruten de Q8-Design[6].

Am Oktober 1994 gouf e Projet fir eng Dräier-Fusioun ausgeschafft, mat deem:

Kuwait Petroleum (Luxembourg) (KPL)

  • engersäits mat der Société nouvelle Kuwait Petroleum
  • an anersäits mat der Kuwait Petroleum (Bertrange) (KPB) fusionéiert a s'allebéid iwwerhëlt.

D'Zil vun dëser éischter Fusioun war, fir all d'Aktivitéite vu Kuwait Petroleum zu Lëtzebuerg ënner enger eenzeger neier Firma ze regruppéieren. D'Aktivitéite vu Kuwait Petroleum hunn hei am Land 1934, mat der deemoleger Petro-Gulf SA, ugefaangen.

Mat enger weiderer Fusioun huet d'Mammefirma KPL hir Duechter KPB iwwerholl.

D'Fusioun gouf op den 1. Juli 1994 gülteg.[5]

BP Capellen ass no der Spléckung[Wéini ?] an BP Luxembourg ëmgenannt ginn[7].

Am Oktober 2021 gouf e Fusiounsprojet vu verschiddene Lëtzebuerger Pëtrolsentreprisen ausgeschafft, mat deem[8]:

  1. Aral Luxembourg mat BP Luxembourg fusionéiert an déi iwwerhëlt (absorbéiert);
  2. Aral Tankstellen Services (ATS) mat Aral Services Luxembourg (ASL) fusionéiert an déi iwwerhëlt;
  3. Aral Tankstellen Services (ATS) mat BP Capellen (BPC) fusionéiert an déi iwwerhëlt;

Well ATS an ASL allebéid integral zu Aral Luxembourg gehéieren a BPC integral zu BP Luxembourg gehéiert, ass d'Conclusioun, datt Aral Luxembourg no der Fusiounen eenzegen Aktionär vun ATS, ASL a BPC ass.

D'Fusioun war den 1. Dezember 2021 ofgeschloss an Aral Luxembourg a BP Luxembourg kruten doduerch allebéid dee selwechten an eenzegen Aktionär: BP Europa SE, eng däitsch Entreprise vun Hamburg.

BP hautdesdaags

[änneren | Quelltext änneren]

BP-Produite ginn zu Lëtzebuerg vun Aral kommerzialiséiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Aral.

Commons: BP – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. URI. data.companieshouse.gov.uk. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  2. (en)ANDREA MURPHY, MATT SCHIFRIN, Forbes 2024 Global 2000 List - The World’s Largest Companies Ranked. Forbes. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  3. (en)Matthew Taylor, Jonathan Watts, Revealed: the 20 firms behind a third of all carbon emissions. The Guardian (09.10.2019). Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  4. (fr)B4288 – BP LUXEMBOURG, Archives chronologiques. www.lbr.lu. Gekuckt de(n) 09.08.2024.
  5. 5,0 5,1 (fr)B45781 – Kuwait Petroleum (Bertrange) S.A., Archives chronologiques. lbr.lu. Gekuckt de(n) 09.08.2024.
  6. (de)Tankstellen: Q8 kauft BP.. Revue, 49. Jg., nº 49, p. 12. (08.12.1993). Gekuckt de(n) 09.08.2024.
  7. (fr)B45782 – Statuts coordonnés du 1994. lbr.lu. Gekuckt de(n) 09.08.2024.
  8. (fr)B45782 – Projet de fusion. lbr.lu. Gekuckt de(n) 09.08.2024.