(29075) 1950 DA
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Apollo-Asteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 1,699 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,508 |
Sideresch Ëmlafzäit | 2 a 78 d |
Mëttel Bunnvitess | 22,851 km/s |
Inklinatioun | 12,184 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 1,1 km |
Rotatiounsperiod | 2 h 7 m |
Albedo | 0,25 |
Absolut Hellegkeet | 17,00M |
Spektralklass | E/M-Typ |
Entdeckung | |
Entdecker | Carl A. Wirtanen |
Entdeckungsdatum | 23. Februar 1950 |
Plaz | Lick-Observatoire |
Aner Bezeechnungen | 2000 YK66 |
Den (29075) 1950 DA ass en Asteroid, deen d'Bunn vun eiser Äerd an och d'Bunn vum Nopeschplanéit Mars kräizt. Den 1950 DA gouf den 23. Februar 1950 vum Carl A. Wirtanen am Lick-Observatoire um Mount Hamilton entdeckt. Nodeem den Asteroid wärend 17 Deeg observéiert gouf, war hien duerno net méi ze fannen.
Den 31. Dezember 2000 gouf den Objet vun der Himmelsiwwerwaachung LONEOS zeréckentdeckt a krut tëschenzäitlech déi provisoresch Bezeechnung 2000 YK66, bis festgestallt gouf, datt et sech ëm den 1950 DA gehandelt huet.
Mat Hëllef vu Radarobservatiounen am Goldstone- an um Arecibo-Observatoire ass et gelongen, d'Ëmlafbunn vum 1950 DA mat grousser Genauegkeet ze bestëmmen. D'Analys hat erginn, datt den 1950 DA de 16. Mäerz 2880 ganz no bei d'Äerd komme wäert, an et besteet souguer d'Méiglechkeet vun enger Kollisioun mat der Äerd, woubäi als Aschlagsgebitt d'Mëtt vum Atlantik berechent gouf. D'Warscheinlechkeet dofir ass awer kleng, si läit bei héchstens 0,33 % (ongeféier 1 zu 300). Den 1950 DA war mat 0,17 den éischten Objet, fir deen e Wäert méi grouss wéi Null op der Palermo-Skala ermëttelt gouf. Obwuel an der Tëschenzäit fir aner Asteroiden ee méi positive Wäert op der Palermo-Skala berechent gouf, war den 1950 DA laang den eenzegen Objet, dee sou e Wäert hat.
D'Radarobservatioune weisen och, datt den 1950 DA e bal kugelfërmegen Objet mat engem Duerchmiesser vun 1,1 Kilometer ass. Den Asteroid rotéiert an nëmme ronn zwou Stonnen ëm seng eegen Achs, also ongewéinlech séier fir en Objet vun där Gréisst.