(12) Victoria
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,334 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,2202 |
Sideresch Ëmlafzäit | 3 a 207 d |
Mëttel Bunnvitess | 19,3 km/s |
Inklinatioun | 8,36 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 113 km |
Mass | 1,5 • 1018 kg |
Mëttel Dicht | ≈ 2 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 8 h 40 min |
Albedo | 0,1765 |
Absolut Hellegkeet | 7,24M |
Spektralklass | S |
Entdeckung | |
Entdecker | John R. Hind |
Entdeckungsdatum | 13. September 1850 |
Plaz | London |
Den (12) Victoria ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture.
Hie gouf den 13. September 1850 vum John Russell Hind als 12. Asteroid entdeckt.
Den Numm gouf kontrovers diskutéiert, well allgemeng ugeholl gouf, datt den Hind den Himmelskierper zu Éiere vun der brittescher Kinnigin Victoria genannt hätt, well bis dohi war et net de Brauch Asteroiden no Persounen ze benennen déi nach gelieft hunn. Den Hind huet allerdéngs drop higewisen, datt d'réimesch Sigesgëttin fir den Numm steet. Den Numm Klio,[1] deen 1865 fir den Asteroid (84) Klio vergi gouf, gouf och notéiert. Als Symbol gouf e Stär mat engem Lorberaascht virgeschloen[1].
De Victoria beweegt sech op enger Distanz vun 1,8191 (Perihel) bis 2,8495 (Aphel) A.E., an 3,57 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 8,3619° schréi zur Ekliptik an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,2207.
Den Asteroid Victoria huet en Duerchmiesser vun 117 Kilometer. En huet eng relativ hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,176. E rotéiert a ronn 8 Stonnen a 40 Minutten ëm seng eegen Achs.
Fotoen, déi mat Radar a Speckle-Interferometrie gemaach goufen, weisen, datt den Asteroid eng längelzeg Form huet. Méiglecherweis besteet hien aus zwéi Kierper.
Aspekter
[änneren | Quelltext änneren]Stationär, da réckleefeg | Oppositioun | Distanz | Hellegkeet | Stationär, da rechtleefeg | Konjunktioun zu der Sonn |
---|---|---|---|---|---|
22. Juli 2014 | 3. September 2014 | 0,89385 AE | 8,9 mag | 3. Oktober 2014 | 26. Mee 2015 |
18. November 2015 | 12. Januar 2016 | 1,85271 AE | 11,2 mag | 4. Mäerz 2016 | 26. August 2016 |