[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

IC 418

Vu Wikipedia
IC 418 (Falschfarwebild)
Rout = ioniséierte Stéckstoff (ganz kaale Gas))
Gréng = Waasserstoff;
Blo = ioniséierte Sauerstoff (ganz waarme Gas)

Den IC 418 ass ee planetareschen Niwwel an der Mëllechstrooss, dee ronn 2000 Liichtjoer vun eis ewech ass. Säin Duerchmiesser ass 0,3 Liichtjoer.

Deen anere gebräichleche Numm „Spirographniwwel“ (englesch Spirograph Nebula) huet säin Urspronk well en déi selwecht Faarfmusteren huet, wéi déi, déi de Spirograph mécht. Dëse Phänomen ass nach nët verstanen.

Ënnersichunge weisen, datt deen haitegen Zentralstär virun e puer Millioune Joren e Stär wéi eis Sonn war. Virun e puer dausend Joer ass de nukleare Brennstoff zu Enn gaangen, an de Stär huet sech zu engem roude Ris entwéckelt, dee schliisslech ausgebrannt ass a säi baussechte Mantel ofgestouss huet. Als Rescht ass e Wäissen Zwerg bliwwen, deem säin ultraviolett Liicht d’Atome vum Niwwel ugereegt an un d'Liichte bréngt.


Koordinaten (Äquinoktium J2000.0)



Kuckt och

Um Spaweck