IC 418
Den IC 418 ass ee planetareschen Niwwel an der Mëllechstrooss, dee ronn 2000 Liichtjoer vun eis ewech ass. Säin Duerchmiesser ass 0,3 Liichtjoer.
Deen anere gebräichleche Numm „Spirographniwwel“ (englesch Spirograph Nebula) huet säin Urspronk an der Ähnlechkeet mat de Musteren, déi de Spirograph (geometresch Spillsach mat dem selwechten Numm) mécht. Dëse Phänomen ass nach nët verstanen.
Ënnersichunge weisen, datt deen häitegen Zentralstär virun e puer Millioune Joren e Stär wéi eis Sonn war. Virun e puer dausend Joer ass de nukleare Brennstoff zu Enn gaangen, an de Stär huet sech zu engem roude Ris entwéckelt, dee schliisslech ausgebrannt ass a säi baussechte Mantel ofgestouss huet. Zeréck ass e Wäissen Zwerg bliwwen, deem säin ultraviolett Liicht d’Atome vum Niwwel ugereegt an zum Liichte bruecht huet.
Koordinaten (Äquinoktium J2000.0)
- Rektaszensioun: 05h 27m 28,2s
- Deklinatioun: -12° 41' 50"