[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

IC 418

Vu Wikipedia
Versioun vum 05:04, 13. Mäe. 2013 vum Addbot (Diskussioun | Kontributiounen) (Bot: Huet 1 Interwikilinke geréckelt, déi elo op Wikidata op d:q872204 zur Verfügung gestallt ginn).
IC 418 (Falschfarwebild)
Rout = ioniséierte Stéckstoff (ganz kale Gas))
Gréng = Waasserstoff;
Blo = ioniséierte Sauerstoff (ganz waarme Gas)

Den IC 418 ass ee planetareschen Niwwel an der Mëllechstrooss, dee ronn 2000 Liichtjoer vun eis ewech ass. Säin Duerchmiesser ass 0,3 Liichtjoer.

Deen anere gebräichlechen Numm „Spirographniwwel“ (englesch Spirograph Nebula) kënnt dohier well en déiselwecht Faarfmusteren huet, wéi déi, déi de Spirograph mécht. Dëse Phenomen ass nach net verstanen.

Ënnersich weisen, datt den haitegen Zentralstär virun e puer Millioune Joren e Stär wéi eis Sonn war.

Virun e puer dausend Joer ass den nukleare Brennstoff zu Enn gaangen, an de Stär huet sech zu engem roude Ris entwéckelt, dee schliisslech ausgebrannt ass a säi baussenzege Mantel ofgestouss huet.

Als Rescht ass e Wäissen Zwerg bliwwen, deem säin ultraviolett Liicht d'Atomer vum Niwwel ugereegt an un d'Liichte bréngt.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)


Kuckt och

Um Spaweck