Pacte civil de solidarité
E Pacte civil de solidarité (gängegerweis PACS oder Pacs ofgekierzt) ass e Partenariat, resp. eng zivil Unioun, tëscht zwéi Liewenspartner vun ënnerschiddlechem oder dem selwechte Geschlecht, déi sech net bestueden an awer an engem Verhältnes liewe wëllen dat duerch e Gesetz, an déi domat verbonnen Deklaratioun gereegelt ass.
Sou eng Deklaratioun gëtt bei engem Officier d'état civil op enger Gemeng ugefrot, an duerno, wann d'Konditiounen déi dozou gehéieren erfëllt sinn, legaliséiert. Si schaaft d'Konditioune fir eng Koppel, déi a ville Situatiounen engem Bestietnes gläichen, besonnesch wat Relatioune mat Verwaltungen ugeet, wéi z. B. am Steierrecht.
E Pacte civil de solidarité huet den Avantage datt e bei géigesäitegem Averständnes einfach opgeléist ka ginn, a kee Geriichtsuerteel dofir muss geholl ginn.
Zu Lëtzebuerg bestëmmt d'Gesetz vum 9. Juli 2004, datt sou e Partenariat vu Leit mat verschiddenem Geschlecht, oder där vum selwechte Geschlecht kann enregistréiert ginn.
Originaltext vum Gesetz:
Art. 2.- Par partenariat, au sens de la présente loi, il y a lieu d'entendre une communauté de vie de deux personnes de sexe différent ou de même sexe, ci-après appelées les partenaires, qui vivent en couple et qui ont fait une déclaration conformément à l'article 3 ci-après.
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Am Lëtzebuergesche Sproochgebrauch ass den Akronym och zu engem reflexive Verb ginn ("sech pacsen", resp. "sech gepacst hunn").[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ lod.lu.