Äerzbistum Lëtzebuerg
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Bistum Lëtzebuerg ass 1870 als en onofhängege Bistum gegrënnt ginn, deen direkt dem Hellege Stull ënnersteet, nodeem schonn 1840 en eegestännegt apostoulescht Vikariat[1] geschaf gouf, dat de Grenze vum Groussherzogtum Lëtzebuerg vun 1839 entsprach huet.
Am Joer 1873 huet de Lëtzebuerger Staat d'Diözees Lëtzebuerg och unerkannt[2]. Eréischt zanter 1981 ass de Bistum Lëtzebuerg och eng personne juridique de droit public[3].
Lëtzebuerg ass vum Poopst Jean-Paul II. 1988 zu enger Äerzdiözees erhuewe ginn; den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ass zanter 2011 de Jean-Claude Hollerich.
D'Äerzbistum Lëtzebuerg ass zanter dem 17. Abrëll 2017 a sechs Dekanater an an 33 Paren opgedeelt.[4]
Iwwer dat ganzt Joer 2020 huet d'Äerzbistum 150 Joer Diözees gefeiert[5]. An 20 Wegmarken aus dem Diözesanarchiv gi kommentéiert Dokumenter verëffentlecht, déi d'Geschicht vun der Entsteeung vum Bistum tëschent 1801 an 1870 dokumentéieren[6].
Nuntie fir d'Diözees Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]D'Nuntiatur fir Lëtzebuerg gouf 1910 als Internuntiatur gegrënnt, dunn den 9. Mee 1969 an de Rang vun enger Nuntiatur versat. Bis haut gëtt Lëtzebuerg vum apostouleschen Nuntius aus der Belsch mat verwalt.
- 1916–1918 Internuntius Achille Locatelli, Titularerzbëschof vun Thessaloniki
- 1923–1946 Internuntius Clemente Micara, Titularerzbëschof vun Apamea a Syrien
- 1946–1953 Fernando Cento, Titularerzbëschof vu Seleucia Pieria
- 1953–1962 Efrem Forni, Titularerzbëschof vun Darnis
- 1962–1969 Internuntius Silvio Angelo Pio Oddi, Titularerzbëschof vu Mesembria
- 1969–1983 Igino Eugenio Cardinale, Titularerzbëschof vun Nepte
- 1983–1989 Angelo Pedroni, Titularerzbëschof vun Novica
- 1989–1999 Giovanni Moretti, Titularerzbëschof vu Vartana
- 1999–2002 Pier Luigi Celata, Titularerzbëschof von Doclea
- 2003–2009 Karl Josef Rauber, Titularerzbëschof vun Iubaltiana
- 2009-2016 Giacinto Berloco, Titularerzbëschof vu Fidenae
- 2016-2021 Augustine Kasujja, Titularerzbëschof vun Caesarea an Numidien
- zënter 2021 Franco Coppola, Titularerzbëschof vu Vinda
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Georges Hellinghausen, 2020, Kleine Diözesangeschichte Luxemburgs, Verlag Aschendorff, Münster, 180 S, ISBN 978-3-402-24666-5 [7],[8]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Archidioecesis Luxemburgensis
- Die Kirche im Grossherzogtum Luxemburg - Geschichtlicher Überblick
- Diözesanarchiv.lu
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1840: Die territoriale Umschreibung des Apostolischen Vikariats, op cathol.lu
- ↑ Loi du 30 avril 1873 ayant pour objet la création d'un évêché de Luxembourg. Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 2011-06-08.
- ↑ Loi du 30 avril 1981 conférant la personnalité juridique à l´évêché de Luxembourg Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 2011-06-08.
- ↑ Dekreet vum Äerzbëschof Archivéiert de(n) 09.07.2017. Gekuckt de(n) 11.09.2019.
- ↑ 150 Joer Diözes Lëtzebuerg, gelies op cathol.lu de 16.3.2020
- ↑ 150 Jahre Bistum – Wegmarken op cathol.lu
- ↑ „Kleine Diözesangeschichte Luxemburgs“ von Prof. Georges Hellinghausen im Handel, gelies op cathol.lu de 16.3.2020
- ↑ André Grosbusch, Traditionen und Umbrüche. Die nicht so kleine Diözesangeschichte Luxemburgs., Luxemburger Wort Nr. 67 , 19.03.2020, Die Warte 45|2645, S. 6-7.