Jausiers
Ausgesinn
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | PACA | ||||
Departement | Alpes-de-Haute-Provence | ||||
Arrondissement | Barcelonnette | ||||
Kanton | Barcelonnette | ||||
Postcode | 04850 | ||||
Gemengecode | 04096 | ||||
Koordinaten | 44° 25’ 07’’ N 06° 43’ 53’’ O | ||||
Fläch | 10 773 ha | ||||
Bevëlkerung | 1 133 (2015) |
Jausiers ass eng franséisch Stad am Departement Alpes-de-Haute-Provence an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur.
Jausiers läit op enger Héicht vu 1.195 - 3.027 Meter am Dall vun der Ubaye, an ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Departementalen D900 an D64.
An Direktioun Italie féiert d'D900 iwwer de Col de Larche op enger Héicht vun 1991 Meter (IGN) an huet dann Uschloss mat der italieenescher Nationalstrooss SS21, an no Westen féiert se op Barcelonnette. D'D64 féiert no Süden an Direktioun Nice iwwer den 2.715 Meter héije Col de la Bonette.
Jausiers am Sport
- Tour de France 2008: Arrivée vun der 16. Etapp
Kuckt och
- Departement Alpes-de-Haute-Provence
- Arrondissementer am Departement Alpes-de-Haute-Provence
- Kantonen am Departement Alpes-de-Haute-Provence
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Alpes-de-Haute-Provence
Um Spaweck
Commons: Jausiers – Biller, Videoen oder Audiodateien |