[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

IC 418: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k r2.7.3) (Bot: Änneren: de:IC 418; kosmetesch Ännerungen
k k
Linn 28: Linn 28:


[[Kategorie:IC-Objeten|IC 0418]]
[[Kategorie:IC-Objeten|IC 0418]]
[[Kategorie:Astronomesch Niwwelen]]
[[Kategorie:Astronomesch Niwwelen|IC 0418]]


[[ca:Nebulosa de l'Espirògraf]]
[[ca:Nebulosa de l'Espirògraf]]

Versioun vum 09:56, 2. Jun. 2012

IC 418 (Falschfarwebild)
Rout = ioniséierte Stéckstoff (ganz kale Gas))
Gréng = Waasserstoff;
Blo = ioniséierte Sauerstoff (ganz waarme Gas)

Den IC 418 ass ee planetareschen Niwwel an der Mëllechstrooss, dee ronn 2000 Liichtjoer vun eis ewech ass. Säin Duerchmiesser ass 0,3 Liichtjoer.

Deen anere gebräichlechen Numm „Spirographniwwel“ (englesch Spirograph Nebula) huet säin Urspronk well en déi selwecht Faarfmusteren huet, wéi déi, déi de Spirograph mécht. Dëse Phenomen ass nach net verstanen.

Ënnersichunge weisen, datt deen haitegen Zentralstär virun e puer Millioune Joren e Stär wéi eis Sonn war.

Virun e puer dausend Joer ass de nukleare Brennstoff zu Enn gaangen, an de Stär huet sech zu engem roude Ris entwéckelt, dee schliisslech ausgebrannt ass a säi baussechte Mantel ofgestouss huet.

Als Rescht ass e Wäissen Zwerg bliwwen, deem säin ultraviolett Liicht d’Atome vum Niwwel ugereegt an un d'Liichte bréngt.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)



Kuckt och

Um Spaweck