[go: up one dir, main page]

Théo Adam

lëtzebuergesche Kënschtler
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Théo Adam, gebuer den 8. November 1952 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 14. Abrëll 2020 zu Bous[1][2], war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.

Théo Adam
Gebuer 8. November 1952
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 14. Abrëll 2020
Bous
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur, Moler

Den Théo Adam ass op d'High School of Arts zu New York gaangen.

Seng Techniken an der Molerei waren Acryl, Aquarell, Gouache, Ueleg a Kollagen. Fir seng Skulpturen huet hien am Eisen, Holz a Steen geschafft.

Hie war Member vum Lëtzebuerger Artisten Center an och jorelaang vum ARC Kënschtlerkrees (fréieren Art Contemporain du Grand-Duché de Luxembourg).

Eenzel Ausstellungen

änneren
  • 1985, Galerie Max, Kayl

Gruppenausstellungen

änneren
  • 1986, Galerie Kutter, Stad Lëtzebuerg
  • 1990, Galerie Dominique Lang, Diddeleng
  • 1991, Galerie Schortgen, Esch-Uelzecht
  • 1991-98, Konschthaus Beim Engel, Stad Lëtzebuerg
  • 1993, Beetebuerger Schlass
  • 1994, Galerie St. Nicolas, Réimech
  • 1995, Galerie de Walferdange
  • 1996, Source Kind, Mondorf
  • 1997, Salon de Printemps du LAC, Stad Lëtzebuerg

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 22. Abrëll 2020
  2. https://www.arcasbl.com/expositions