[go: up one dir, main page]

Eng Telefonskabinn ass eng eppes iwwer maanshéicht kleng Kabaischen, déi meeschtens am ëffentleche Raum steet, an an där en Telefon installéiert ass.

Eng Telefonskabinn zu Klierf, zougänglech fir Leit am Rollstull

D'Kabaischen (dacks aus Glas, oder op d'mannst mat Fënsteren) déngt dozou, den Telefon (an de Benotzer) viru Reen a Kaméidi ze schützen. Den Telefonsapparat an enger Kabinn funktionéiert meeschtens (ausser fir Noutriff), mat Mënzen oder mat am Viraus kaaften Telefonskaarten. Et kann ee sech och do uruffe loossen.

Zanter der allgemenger Verbreedung vum Handy ginn d'Telefonskabinne méi rar, well et ëmmer manner Leit gëtt, déi drop zeréckgräifen.

An Europa schreiwe Gesetzer vir, op wéi vill Awunner eng ëffentlech Telefonskabinn muss kommen.

Zu Lëtzebuerg

änneren
 
Aus der aler Telefonskabinn bei der Leidelenger Gemeng gouf en ëffentleche Bicherschaaf.

Zu Lëtzebuerg gouf et am Joer 2015 329 Telefonskabinnen. Dobäi komme 24 Telefonen an ëffentleche Gebaier, déi mat Telefonskaart fonctionéieren. Se sinn no der Awunnerzuel verdeelt: an der Stad Lëtzebuerg waren et der 49, zu Esch-Uelzecht eelef, zu Diddeleng der aacht, zu Déifferdeng der sechs, asw. Am Mount goufen an der Moyenne 95,83 Uriff pro Kabinn gemaach[1].

Verdeelung no Kanton (2015)[1]

änneren
  • Dikrech 30
  • Esch-Uelzecht 69
  • Gréiwemaacher 18
  • Iechternach 17
  • Capellen 23
  • Klierf 15
  • Lëtzebuerg 107
  • Miersch 22
  • Réiden 12
  • Réimech 16
  • Veianen 8
  • Wolz 18


Bis 2021 sinn déi 20 lescht Kabinnen am Land ewechgeholl, déi Jore virdru sinn et der 10 am Joer gewiescht. Eng ronn 25 fix Telefonen, notamment um Findel hänken nach doruechter. Déi wäerten awer och an den nächste Joren ewech geholl ginn[2].

Um Spaweck

änneren
Commons: Telefonskabinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 Sara Bamberg: "Alte Bekannte am Wegesrand", in: Luxemburger Wort, 12. Dezember 2015, S.31.
  2. "Äddi Telefonskabinn.* rtl.lu, 26.01.2022.