[go: up one dir, main page]

San Francisco

Stad am Bundesstaat Kalifornien
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der kalifornescher Groussstad San Francisco. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. San Francisco (Homonymie).
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

San Francisco [ˌsænfɹənˈsɪskoʊ] ass eng Stad am Bundesstaat Kalifornien an de Vereenegte Staate vun Amerika a läit un der Westküst vum Land. Mat 824.525 Awunner ass se déi véiertgréisst Stad vu Kalifornien.

San Francisco
Fändel
Sigel
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Bundesstaat Kalifornien
Fläch 600,592202 km²
Awunner 873.965 (1. Abrëll 2020)
Héicht 16 m
Zäitzon UTC−8,
UTC−7,
Pazifik Standardzäit
Buergermeeschter London Breed (11. Juli 2018)
Koordinaten 37°46'39"N, 122°24'59"W

Den Numm vun der Stadt kënnt aus dem Spueneschen a bezitt sech op den hellege Franziskus, de Franz vun Assisi.

Geographie

änneren

D'Stad läit op der nërdlecher Spëtzt vun der San-Francisco-Hallefinsel, déi d'Bucht vu San Francisco südwestlech ofschléisst, a gëtt am Weste vum Pazifik, am Norde vum Golden Gate an am Oste vun der Bucht begrenzt. Am Süde leien déi 300 m héich Twin Peaks, déi vun de spuenesche Missionnairë wéinst hirer Form „Los Pechos de la Chola“, op lëtz. „D'Brëscht vum Indianermeedchen“, genannt goufen.

San Francisco ass och bekannt fir seng Hiwwelen, déi vun enger Héicht vu 30 Meter Héicht un "Hill" genannt ginn; et gëtt där 42 um ganze Stadgebitt. Fir déi sträppweis schéi géi Stroossen eropzekommen, huet den Andrew Smith Halli ëm 1870 déi sougenannt Cable Cars entwéckelt. D'"Belle of the Bay", wéi d'Stad och mat Léift genannt gëtt, ass eng vun de bedeitendsten Hafestied op der Westküst vun Nordamerika. An der Bucht vu San Francisco leien déi bekannt, haut nëmme méi als Musée benotzt Prisongsinsel Alcatraz, Angel Island, Treasure Island, Yerba Buena Island an aner kleng Inselen. Am Pazifik viru San Francisco leien d'Farallon-Inselen.

Geologie

änneren

Wéinst der Noperschaft mat der San-Andreas-Verwerfung ass San Francisco engem groussen Äerdbiewen-Risiko ausgesat. Den 18. Abrëll 1906 gouf et do dat bis ewell schwéierst Äerdbiewen. Betraff war d'Géigend vu San Juan Bautista bis Eureka. Et hat eng Stäerkt vu 7,8 op der Richterskala. Duerch Feier an Explosioune goufen deemools dräi Véirel vu San Francisco zerstéiert.

Kuckeswäertes

änneren
 
Panoramafoto vu San Francisco nom Äerdbiewen 1906

Um Spaweck

änneren
Commons: San Francisco – Biller, Videoen oder Audiodateien