[go: up one dir, main page]

E Pneu, Apokop vum Franséische bandage pneumatique, ass en torusfërmege Kierper, aus Kautschuk oder soss engem textilen an/oder metallesche Material, dee geduecht ass, op eng Felg vun engem Rad montéiert ze ginn. E kann aus vollem Gummismaterial bestoen oder mat engem Gas (Loft oder Stéckstoff) oder fir verschidden Zwecker och mat Waasser, mat Iwwerdrock gefëllt ginn.

Pneuen

E mécht de Kontakt vum Rad mat der Ënnerlag op där gefuer gëtt, a bitt eng gewëssen Haftung, fiedert Schocken a Vibratiounen of a mécht esou d'Virukomme vun terrestresche Gefierer méi confortabel.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Pneuen – Biller, Videoen oder Audiodateien