Paul Steffen
lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik
De Paul Steffen, gebuer de 17. Januar 1930 zu Esch-Uelzecht, an och do de 27. Januar 2017 gestuerwen[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[2]
Paul Steffen | |
---|---|
Gebuer |
17. Januar 1930 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
27. Januar 2017 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Golkipp |
Veräin/Ekipp | Jeunesse Esch |
Hie war Golkipp bei der Escher Jeunesse an huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden.[3]
Tëscht dem 28. Oktober 1953 am 22. Dezember 1962 stoung de Paul Steffen 32-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp am Gol.[4]
Berufflech war hie Schmelzaarbechter, Wiert a Chauffeur. Hie gouf 1997 pensionéiert.[1]
Auszeechnungen
änneren- Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg[5]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 "Torwartlegende Paul Steffen ist tot." wort.lu, 27. Januar 2017 um 07:52.
- ↑ De Paul Steffen op der Websäit vun der FIFA
- ↑ De Paul Steffen op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Paul Steffen op der Websäit European Football
- ↑ 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur