Neuilly-sur-Seine
Neuilly-sur-Seine ass eng franséisch Gemeng am Departement Hauts-de-Seine, an der Regioun Île-de-France.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Märei | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Île-de-France | ||||
Departement | Hauts-de-Seine | ||||
Arrondissement | Nanterre | ||||
Kanton | Neuilly-sur-Seine | ||||
Postcode | 92200 | ||||
Gemengecode | 92051 | ||||
Koordinaten | 48° 53’ 17’’ N 02° 16’ 07’’ O | ||||
Fläch | 373 ha | ||||
Bevëlkerung | 60 361 (2017) |
D'Gemeng ass 373 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 27 an 39 Meter. Se huet eppes iwwer 60.000 Awunner (2017).
Si grenzt am Osten an am Süden u Paräis, a läit um rietsen Uwänner vun der Seine. D'Achs vun de Champs Elysées iwwer den Arc de Triomphe bis hin op d'Défense geet queesch derduerch. Et ass eng vun den deierste Wunngéigenden a Frankräich.
Nopsschgemengen
ännerenGeschicht
ännerenZur Réimerzäit war do wou haut Neuilly ass, eng Fuert mat e puer Fëscherhaiser. Méi spéit war do e klengen Hafen, Lulliacum, Portum de Lulliaco (1222) oder Lugniacum (1224) genannt, dee sech dann iwwer Luny, Nully (1346) zu Neuilly entwécklt huet. D'Fuert gouf duerch Brécken ersat, an d'Duerf Villiers-la-Garenne ass no an no dermat verwuess.
D'Schlass vun Neuilly gouf zanter 1751 gebaut, et war dem Louis-Philippe seng Residenz tëscht 1830 an 1848.
1859 an 1864 goufe Stécker vun der Gemeng bei Paräis (quartier des Ternes), respektiv bei déi nei gegrënnt Gemeng Levallois-Perret geprafft.