Gast Waltzing
De Gaston ("Gast") Waltzing, gebuer den 13. August 1956 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museksprofesser, Trompettist, Dirigent a Komponist.
Gast Waltzing | |
---|---|
Gebuer |
13. August 1956 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Jazzmuseker, Komponist, Dirigent, Filmkomponist |
Liewen
ännerenAm Alter vu 7 Joer ass de Gast Waltzing an de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg gaangen. Spéider huet hien am Conservatoire royal vu Bréissel an am Conservatoire National Supérieur zu Paräis beim Maurice André Musek studéiert.
1972 huet hien d'Grupp Luxemburg Jazz Five gegrënnt, aus där spéider d'Grupp Atmosphere ervirgaangen ass. Vun 1980 u sinn e puer LPen, Singelen an CDen opgeholl ginn.
Am Joer 1982 gouf hie Professer fir Trompett am Conservatoire an der Stad Lëtzebuerg. De Gast Waltzing, dee sech och nieft der klassescher Musek fir Jazz intresséiert, huet am Joer 1986 eng Jazzklass am Conservatoire agefouert.
1986 huet hien zesumme mat senger Fra Maggie Parke d'Grupp Park Café gegrënnt. 1988 ass ënner senger Leedung d'Big Band des Conservatoires entstanen.
1989 huet hien, zesumme mat senger Fra, fir dem Andy Bausch säin A Wopbopaloobop A Lopbamboom eng éischt Kéier eng Filmmusek komponéiert. Si goufen dofir fir d'Best European Filmcomposers of 1989 nominéiert. Dat Joer drop huet en d'Musek zum ZDF-Film Ex und Hopp komponéiert. Zënterhier huet de Gast Waltzing iwwer 150 Stécker fir Filmer, Televisiounsfilmer a Videospiller komponéiert.
Fir d'Kulturjoer 1995 huet en zesumme mat senger Fra déi modern Oper Smalltime geschriwwen, déi am September 1995 am Stater Theater opgefouert ginn ass.
De Gast Waltzing trëtt reegelméisseg op, sief et an Jazz-Formatiounen, wéi dem Luxembourg National Jazz Orchestra Life's Circle oder Largo, sief et als Dirigent vu klasseschen Orchesteren, wou e seng Arrangementer dirigéiert, wéi z. B. mat der Deutsche Radio Philharmonie zesumme mat der Amy Macdonald, oder mam Orchestre philharmonique du Luxembourg am Kader vu "Pops at the Phil", mat Sänger wéi Dionne Warwick, Maurane, James Morrison oder Angélique Kidjo. Mat der Leschtgenannter krut hien 2016, zesumme mam OPL, e Grammy an der Kategorie World Music.
De Gast Waltzing ass op ville Placken an CDen ze héieren, a produzéiert och CDe mat anere Museker um Label WPR (Waltzing-Parke Records), deen en 2004 gegrënnt huet.
Filmer fir déi hien d'Musek geschriwwen huet (Auswiel)
ännerenKinosfilmer
änneren- Justice Dot Net (2018) vum Pol Cruchten
- Die dunkle Seite des Mondes (2016) vum Stephan Rick
- Sunset Song (2015) vum Terence Davies
- Adieu Paris (2013), vun der Franziska Buch
- Les âmes de papier (2013), vum Vincent Lannoo
- Humains (2009), vum Jacques-Olivier Molon a Pierre-Olivier Thevenin
- Psyclist (2006) vum Mike Tereba
- George and the Dragon (2004) vum Tom Reeve
- Os imortais (2003) vum António-Pedro Vasconcelos
- The Point Men (2001) vum John Glen
- The Enemy (2001) vum Tom Kinninmont
- New World Disorder (1999) vum Richard Spence
- Une nuit de cafard (1999) vum Jacques Donjean (Kuerzfilm)
- Back in Trouble (1997) vum Andy Bausch
- Rotwang muß weg! (1994) vum Hans-Christoph Blumenberg
- Three Shake-a-leg Steps to Heaven (1993) vum Andy Bausch
- A Wopbopaloobop A Lopbamboom (1989) vum Andy Bausch
- Mumm Sweet Mumm, (1989) vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer
Televisiounsfilmer
änneren- Polizeiruf 110 - Die Tote aus der Saale (2005) vum Marco Serafini
- Utta Danella - Eine Liebe in Venedig (2005) vum Marco Serafini
- Polizeiruf 110 - Doktorspiele (2003) vum Marco Serafini
- Polizeiruf 110 - Kurschatten (2001) vum Marco Serafini
- Polizeiruf 110 - Discokiller (1998) vum Marco Serafini
- Der Schnapper: Blumen für den Mörder (1998) vum Vadim Glowna
- Küstenwache (1997) vum Marco Serafini
- Zwei Brüder - Nervenkrieg (1997) vum Hans-Christoph Blumenberg
- The Way to Dusty Death (1995) vum Geoffrey Reeve
- Die Männer vom K3 - Keine Chance zu gewinnen (1994) vum Andy Bausch
- Die Männer vom K3 - Tanz auf dem Seil (1993) vum Andy Bausch
- Ex und hopp - Ein böses Spiel um Liebe, Geld und Bier (1990) vum Andy Bausch
Auszeechnungen
änneren- 2005: Präis vun der Sacem fir d'Filmmusek vun George and the Dragon beim Lëtzebuerger Filmpräis
- 2016: Grammy zesumme mam Angélique Kidjo an dem OPL fir de beschte World Music Album Sings (2015)[1]
- 2016: Commandeur de l'ordre de la couronne de chêne[2]
Literatur
änneren- Haas, Luke: Lëtzebuerger Rocklexikon, 1988, Éditions Phi, ISBN 3-88865-064-X
- Haas, Luke: Lëtzebuerger Rocklexikon II (1987-1994), 1995, Éditions Revue, ISBN 2-919999-03-6
- Hausemer, Georges: Luxemburger Lexikon, 2006, Éditions Guy Binsfeld, S. 451 ISBN 2-87954-156-5
Um Spaweck
ännerenCommons: Gast Waltzing – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun de Waltzing-Parke Productions
- David Thinnes, "Karate ist eine Lebensschule", Gespréich mam Gast Waltzing an der Serie „Auszeit“ op wort.lu de 27. Juni 2018, fir d'lescht gekuckt den 13. November 2018
Referenzen
änneren- ↑ Grammy für Angélique Kidjo mit dem OPL op wort.lu vum 16. Februar 2016
- ↑ Cérémonie officielle à la Philharmonie Luxembourg – Remise de distinctions honorifiques. gouvernement.lu (2016-06-23). Gekuckt de(n) 2022-01-24.