[go: up one dir, main page]

Etymologie ass d'Wëssenschaft vun den Originne vun engem Wuert. Vill Wierder an de romanesche Sprooche kommen aus dem Latäin. Modern Wieder, wéi aus der Informatik, kommen aus dem Engleschen. Ganz al Wierder oder geléiert Wierder kommen dacks aus dem Griicheschen.

Beispiller

änneren
  • Manufaktur: aus dem Latäin; kënnt vu manus wat Hand bedeit, a vum Supinum (-> Latäin) vum Verb facere wat maachen heescht. Deemno bedeit Manufaktur eppes, wat op der Hand gemaach gouf.
  • Biologie: aus dem Griicheschen; kënnt vu bios=Liewen, a logos = Léier. Also ass d'Biologie d'Léier vum Liewen.