[go: up one dir, main page]

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Christian Kauder gebuer den 2. Mee 1817 zu Ettelbréck, a gestuerwen ëm 1877 war e lëtzebuergeschen Theolog a Missionnaire.[1]

Christian Kauder
Gebuer 2. Mee 1817
Ettelbréck
Gestuerwen 14. September 1877
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Missionnaire

1840 gouf hien zum Priister geweit. Hien ass am Joer 1844, nodeems hien ďUerdensgelübde vun den Trappisten geleescht hat, an Amerika ausgewandert. No verschiddene Statiounen, wéi Pittsburgh, New Orleans a Rochester ass hien aus Krankheetsgrënn aus dem Uerden ausgetratt. Vun 1856 bis 1871 war hien am haitege Kanada, Missionnaire bei de Micmacindianner op der Hallefinsel Nova Scotia. Hien gouf vum Ludwig Missions Verein finanzéiert fir e Katchessem an der Mi'kmaw-Hieroglypheschrëft ze verfaassen.[2]

1871 koum hien zeréck op Lëtzebuerg wou hie bis de 14. September 1877 am 'Zentralhospiz' zu Ettelbréck war, duerno gëllt hien als 'verscholl'.

Referenzen

änneren
  1. Christian Kauder am Luxemburger Lexikon S. 204
  2. Schmitz Yves, 2024, "Luxemburg war nie eine Kolonialmacht", Esch/Uelzecht, Miersch, Richtung 22, capybarabooks, S. 86-87