ABBA
ABBA ass eng schweedesch Popgrupp mat de fréiere Koppelen Agnetha Fältskog a Björn Ulvaeus souwéi dem Benny Andersson an der Anni-Frid Lyngstad. Se gouf 1972 zu Stockholm gegrënnt.
ABBA | |
---|---|
Museksgenre | Popmusek, Pop-Rock, Danzmusek, Glam Rock |
Land | Schweden |
Grënnung | 1970 |
Websäit | https://abbasite.com |
Memberen |
Agnetha Fältskog Björn Ulvaeus Benny Andersson Anni-Frid Lyngstad |
Hiren Duerchbroch hate si beim Eurovision Song Contest 1974 zu Brighton mam Titel Waterloo, wéi si de Contest fir Schwede mat 24 Punkte gewonnen hunn.[1] Mat iwwer 400 Millioune verkaafte Placken ass et eng vun den erfollegräichste Bands an der Museksgeschicht.[2]
Hir bekanntst Lidder sinn: SOS, Mamma Mia, Fernando, Dancing Queen, Money, Money, Money, Take a Chance on Me, The Winner Takes It All a Super Trouper.[3]
Am Joer 1982 hunn d'Gruppemembere mat hirer musikalescher Zesummenaarbecht wéinst privaten Differenzen temporär opgehalen. 2018 hu s'ugekënnegt datt s'erëm un neie Lidder schaffen.[4] 2021 huet d'Band hire Comeback als Deel vun enger virtueller Concertsshow ugekënnegt, zwou nei Singele verëffentlecht an en neie Studiosalbum fir dat selwecht Joer ugekënnegt.[5]
Studiosalbumen
änneren- 1973: Ring Ring
- 1974: Waterloo
- 1975: ABBA
- 1976: Arrival
- 1977: ABBA - The Album
- 1979: Voulez-Vous
- 1980: Super Trouper
- 1981: The Visitors
- 2021: Voyage
Um Spaweck
ännerenCommons: ABBA – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ ABBA - Sweden - Brighton 1974. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 05.09.2021.
- ↑ ABBA | Biografie. www.universal-music.de. Gekuckt de(n) 05.09.2021.
- ↑ Abba Top-10: die besten Hits der Pop-Legenden. helden der freizeit (05.04.2020). Gekuckt de(n) 05.09.2021.
- ↑ Neue ABBA-Songs nach Jahrzehnten. news.ORF.at (2018-04-27). Gekuckt de(n) 05.09.2021.
- ↑ ORF at/Agenturen heid, Wieder da statt für immer Baba: ABBA verkünden ihr spätes Comeback. news.ORF.at (2021-09-02). Gekuckt de(n) 05.09.2021.